Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn asbl (abrégé) ASA

E Stopp fir e Mupp

Mir sammele mëll Plastiks- a Korkestëpp fir Assistenzhënn ze parrainéieren a fir d'Ëmwelt ze schounen duerch de Recyclage. Jiddweree kann hëllefen!

akzeptéiertStëpp vu mëllem Plastik : Mineralwaasser, Jus, Mëllech,...
Korkenstëpp vu Wain- a Champesfläschen

refuséiertStëpp vun haardem Plastik oder Metall, Deckel mat Kartrong
Wainstëpp aus Plastik

Mir brauchen 29.155.666 Plastiksstëpp oder 9.721.627 Korkenstëpp fir 1 Assistenzhond ze finanzéieren!

Korkestëpp ofginn! Plastiksstëpp ofginn!

Ons Missioun

  • Assistenzhënn parrainéieren
  • D'Ausbildung vun Assistenzhënn finanzéieren
  • D'Weiderbildung vu 'Référenten' finanzéieren
  • Déieregestëtzten Aktivitéite finanzéieren
  • Benevolebesich mat Assistenzhënn erméiglechen

Profiller vun Hënn

  • Chien d’assistance
  • Chien détecteur d'épilepsie
  • Chien d'assistance d'accompagnement social
  • Chien d'éveil
  • Chien dit de soutien émotionnel

Benevole Aarbecht

Eng Rei Membere maachen éierenamtlech Aarbecht mat Assistenzhënn an dat an Alters- a Pfleegeheemer, a Wunnstrukture fir Kanner mat spezifesche Besoinen, a Schoulen a Maison relais asw.

Aktioun jonke Mupp

Sponser en zukünftegen Assistenzhond!
D'ASA asbl sammelt 1x/Joer fir jonk Hënn ze parrainéieren. Déi Hënn si schonn an hire Paten-Familljen, a si wuessen! Mir si frou fir all Donen. Soubal dir hei jonk Hënnmat Numm fannt an dësen an der Kommunikatioun vum Don nennt an ons kontaktéiert, schécke mir Iech per e-mail seng Foto (ab 25€). Mir maachen op desoziale Netzwierker op d’Actioun opmierksam.

Hëlleft ons, Assistenzhënn ze finanzéieren

Mir si frou iwwer all Form vun Ënnerstëtzung. Merci villmools!

Aktuelles