Profils des chiens
ASA ASBL parrainéiert déi super Honn!
Zéckt net, eis ze kontaktéieren

Chien détecteur d'épilepsie
Handi'Chiens bilt Assistenzhonn aus, fir virun enger epileptescher Kris ze warnen.
Den Hond kann :
- säi Besetzer warnen : déi kann dann eng sécher Plaz fannen, fir eng Chute ze vermeiden
- sech op säi Besëtzer leen, fir hien virun Krämp ze schützen
- sengem Besëtzer säin Emfeld ze alarméieren
- op e Knapp drécken, fir Hëllef ze ruffen
Esou hëlleft den Hond dem Epileptiker, méi roueg a méi eegestänneg ze liewen

Chien d’assistance dit d'accompagnement social
E chien d’accompagnement social schafft mat Fleegepersonal an Altersheemer a Fleegeheemer, besonnesch mat Alzheimerpatienten awer och an Schoulen, Maisons relais, Wunnstrukturen an Dagesfoyeren.

Chien d'éveil
E Chien d'éveil ass spezialiséiert fir d'Aarbecht mat autistesche Kanner, Kanner mat Down Syndrom, a polyhandicapéiert Kanner.
Si hëllefen d'Kand ze stimuléieren a seng Ängschten ze verléieren.

Chien d'assistance pour personnes avec besoins spécifiques
Den Assistenzhond fir Kanner oder Erwuessener am Rollstuhl hëlleft sengem Besëtzer am alldeegleche Liewen. Hien fërdert d'Autonomie a mécht den soziale Kontakt méi einfach.

Chien d'assistance pour personnes vulnérables
Den Assistenzhond dit de support émotionnel begleet d'Leit mat engem onsichtbaren Handicap, wéi d'Depressioun oder eng Angschtstéierung.