top of page
Joresversammlung 4 Abrëll 2020 : stornéiert wéinst Corona
Rapport 

Aleedung : de President

Mir presentéieren d'Joer als Bericht well mir keng Versammlung halen a keen neien Termin

maache kénnen.

Rapport vun den Aktivitéiten 2019 : de Sekretär 

2019 war nees an immens aktivt Joer.

Rapport vun de Finanzen 2019 : de President

Eis haapt Ziel ass Sue fir d'Ënnerstëtzung vun Handi'Chiens  ze sammelen.

2019 war e rekord Joer fir d'Einnahmen, mat 167.000 €, och e rekord Joer fir Done fir Handi'Chiens,

mat 157.000 €.

Rapport vun der Keess Révisioun : de President

d‘Reviseuren hunn d'Keess den 12 Mäerz kontrolléiert, a si bereet weider ze maachen.

Merci an d'Reviseure fir déi grëndlech Kontroll.

Décharge fir d'Kommittee

Mir akzeptéieren d'Attestatioun vun de Reviseuren als Décharge fir 2019.

Budget 2020 : de President

Selwech wéi 2019, hei zesumme mat aneren Informatioune vun 2019.

Projete fir 2020 : de Sekretär

Mir hunn de Moment zwéi fest Projeten fir Assistenzhenn: én Hond fir d’Jugend- an Drogenhëllef an een Hond fir d’Maison de Soins Alzheimer zou Ierpeldeng. Mir sinn doriwwer besonnesch frou, well dat dann den drëtten Hond fir Ierpeldeng gëtt. Ausserdeem ass och een Hond am Foyer de Jour Alzheimer zou Dohl an een am Foyer de Jour Alzheimer zou Dummeldeng.

Dann bezuelen mer och weiderhin Séance vun Déieren-gestëtzten-Thérapie am Bricher Paerdsstall fir e Grupp vun Asylantekanner a fir e Grupp vun Leit aus dem Atelier Protégé vun “Op der Schock”.

Soweit eis Finanzen et erlaben wäerte mer awer och nach e puer Assistenzhenn fir Kanner parrainéieren.

An ewéi all Joer iwwerhuelen mer och de Parrainage vun zwielef Welpen, déi zum Assistenzhond ausgebilt gi.

 

Virstellung vun Nala : de Sekretär

d’Nala ass e klengt Labrador Meedchen wat zënter dem Mee 2019 an der Seniorie St Joseph zou Contern schafft. Hatt schafft ofwiesselend mat dréi verschiddene Référenten: dem Nadine, dem Mike an dem Jessica. Hat meeschtert seng Aufgab ganz gutt a bréngt vill Freed an d’Liewen vun de Bewunner.

 

Joeresréckbléck : de President

Et war finanziell e grousse Succès.

Mir konnten Handi‘Chiens kräfteg ënnerstëtzen, a mir konnten eis bénévole Séancen an der

Médiation animale developpéieren.

Mir konnten zousätzlech Asylantenkanner hëllefen, duerch Déieren gestützten Thérapie am

Bricherpaerdsstall.

Manner positiv, eis Efforte mat de Ministèren.

Mir probéieren, d‘Unerkennung vun eise Muppen ze kréien, d‘Medaille : Äntwert vum Ministère net

"Nee", net "Jo", keng richteg Äntwert.

Mir probéieren, d‘Utilité publique fir ASA ze kréien. Et dauert, an dauert,...

Ech kann nëmme soen, "Gedold".

Kommitteeswalen 

keng Kandidatur

Mercien : de President

Et bleift Merci ze soen, eisen Kommittésmemberen fir hir Aarbecht, eiser Geméng fir hiren Subside.

Mir kréien och vill Ënnerstëtzung vun den Referente vun de Muppen déi mir parrainéieren, bei 

Evenementer wéi Scheckiwwerreechungen: villmols Merci.

Merci och all dene Léit déi eis Aktioun "E Stopp fir e Mupp" ënnerstëtzen.

Mir wënschen Iech gutt Gesondheet : bleif doheem, bleif gesond!

bottom of page